Konterbont
Wëllkom bei Konterbont

D’ konterbont asbl ass am Dezember 2015 op der Weilerbaach (Gemeng Berdorf) gegrënnt ginn, mam Zil de Leit déi do am Foyer fir d’Demandeurs de protection internationale gewunnt hunn ze hëllefen. Et si Projeten an Aktivitéiten zustane komm, déi de Leit eis schéi Land, eis Kultur a Sprooch gewisen hunn. 


Séier hu mer gemierkt, datt mer eis net nëmmen op Demandeurs de protection internationale beschränke sollten, a sou si mer lo op fir jiddereen deen zu Lëtzebuerg wunnt an Hëllef brauch. Dat ka materiell Hëllef, d’Participatioun un enger Aktivitéit oder einfach och en oppen Ouer sinn. Zu eise Projete gehéieren: Famillen op d’Schlittschongpist oder Fester an der Regioun ze invitéieren, interkulturell Fester ze organiséieren oder si ze ënnerstëtzen, do wou grad eng Hand gebraucht gëtt: beim Plënneren, Erbäischafe vu Schoulmaterial a Gestalte vun der Fräizäit, z.B. Aschreiwungen a Sportsveräiner oder Bastel- a Spillnomëtteger, Hëllef bei Sproochecoursen an Iwwersetzungen an nach villes méi.

E grousse Projet ass a war d’Zesummenaarbecht mat der Museksschoul Iechternach. Duerch de Projet „mateneen“ vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, konnte scho vill Kanner u Musekscoursen deelhuelen. Mir maachen och äifreg bei der Fête de la musique zu Iechternach mat, wou mer probéieren d’Famille mat anzebannen. Sou sinn am Laf vun de Jore ganz flott Kontakter entstanen.

 

Mir ginn ënnerstëtzt vu lokale Geschäftsleit a villen treie Memberen, well mir sinn op Spendegelder ugewisen, fir Leit deenen et net sou gutt geet, kënnen eng Freed ze maachen. Besonnesch d’Kanner leien eis dobäi um Häerz. Wëllt Dir weider Informatiounen oder Iech mat eis engagéieren? Schreift eis op konterbontasbl@gmail.com, kuckt op facebook laanscht oder schwätzt eis un! Dir wëllt eis finanziell ënnerstëtzen? Dat kënnt Dir maache mat engem Don!